Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen
Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen
1.2 hrs read
Rate this book:
About This Book
Zwee tockskäppeg Pensionäre liwwere sech all Dag hire kuriéise Krich; eng mësstrauesch Koppel strapazéiert ouni Paus seng romantesch Léift, bis guer näischt méi geet; eng Mamm dréckt mat aller Gewalt hire klenge Jong an eng absurd Beruffskarriär; e Mann kënnt mat enger héchst ongewéinlecher Krankheet bei den Dokter; e Radiosjournalist schnësst säi Studiogaascht ënnert den Dësch; zwee Bridder setzen ëmmer nees un, hir komplizéiert Bezéiung opzeschaffen, a réieren ëmmer nees ëm de Bräi; e Chômeur kritt eng surreal Aarbechtsoffer gemaach; an engem Schwäizer Kurhotel fält net nëmmen de Plafong zwee Lampertsbierger Turisten op de Kapp. 'Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen' ass eng Suite vun aacht Geschichten, déi de Guy Rewenig radikal reduzéiert op Dialoger a Gespréichssituatiounen. Déi aacht Geschichte pendelen tëscht Komik a Verzweiwlung, pechschwaarzer Melancholie a Gelaachs, traurege Gefiller an duerchdriwwene Momenter, an ëmmer nees tëscht Slapstick a groteskem Gestruewels: de Guy Rewenig léisst seng Figure Slalom lafen duerch hiert klengt, verdruddelt, onméiglecht, geféierlecht, lächerlecht Liewen.
Buy This Book
As an Amazon Associate and Bookshop.org affiliate, BookOrb earns from qualifying purchases.
Write a Review
Sign in to write a review.
More by Guy Rewenig
Comment blanchir les bêtes noi
Comment blanchir les bêtes noires sans les faire rougir. Une lettre
Den Här Müller spréngt iwwert
Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch
Der Hoflieferant
Eisefrësser
Eisefrësser
Gemëschte Chouer
Gemëschte Chouer
Hannert dem Atlantik
Hannert dem Atlantik