Franz Pinell

by

54 min read
Rate this book:
237 pages 2012

About This Book

Dem André Duchscher (1840-1911) säin Theaterstéck Franz Pinell, dat 1899 als Buch erauskoum, erzielt vun de proletareschen Onrouen an zwou Fabriken Enn vum 19. Jorhonnert zu Lëtzebuerg. Et spillt an enger Zäit, an där d'sozial Fro politesch debattéiert gëtt an d'ganzt Gesellschaft betrëfft. An esou diskutéieren an agéiere Fabriksbesëtzer, Deputéiert, Actionnairen, Dokteren, Wiertsleit, Serveuren, Aarbechter, Mammen a Kanner am Stéck. D'Aarbechter ginn fir d'éischte Kéier an der Lëtzebuerger Literatur differenzéiert duergestallt: de Verféierer, deen d'Rhetorik vun der politescher Propaganda auswenneg kennt, de qualifizéierten Aarbechter, den Handwierker, dee säi Betrib huet missen opginn an deen an den neie Fabriken net eens gëtt, den einfachen Aarbechter oder deen, dee seng Famill net méi kann ernähren. De Franz Pinell erzielt d'Sozialgeschicht vun der Aarbecht ëm 1900.

Buy This Book

As an Amazon Associate and Bookshop.org affiliate, BookOrb earns from qualifying purchases.

Write a Review

Sign in to write a review.