De Pol muss an de Krich
De Pol muss an de Krich
54 min read
Rate this book:
About This Book
Wann e Politiker a senge Memoire vun deene Leeschtonge schwätzt, déi duerch hien oder duerch seng Initiativ realiséiert goufen, dann dréit hien doduerch zur nationaler oder lokaler Geschichtsschreiwong bäi a setzt sech e klengt perséinlecht Monument. An dat ass säi gutt Recht. Wann een, deen duerch de Krich Schreckleches huet misste matmaachen - e wor vläicht am Prisong, am Kazett oder un der Front - sech seng schlëmm Erliefnësser vun der Séil schreift, dann hëlleft hien domat, datt déi uerg Zäiten net an de Vergiess geroden. An elo kënnt hei op eemol een, deen näischt geleescht an näischt erlieft huet, an dee wëllt och säi Pefferkär bäileeën?! ... Abee, dorëm geet et grad elei: D'Zopp kritt dach eréischt Geschmaach, wa Salz a Peffer dran ass. An dësen Erënnerongungen an Niewesaachen geet bewosst wéineg oder guer keng Rieds vun deene grousse geschichtlechen Ereechnësser, déi mer jo ewell aus e sëlleche Publikatiounen iwwert deen Thema kennen.
Buy This Book
As an Amazon Associate and Bookshop.org affiliate, BookOrb earns from qualifying purchases.
Write a Review
Sign in to write a review.